12 500 Euro fir de gudden Zweck.

De 17. Februar hat d‘Equipe vun der Kleederstuff Miersch zu hirer Scheckiwwerreechung invitéiert bei der si d‘Suen, déi si wärend dem leschte Joer mam Verkaf vu Second Hand Kleeder verdéngt hat, un 3 Lëtzebuerger Hëllefsorganisatiounen weiderginn huet. Am ganzen 12 000 Euro goufen zu gläichen Deeler iwwerreecht un den Här Yves Weisen fir de „Päerd's Atelier / Liewenshaff“, d‘Dammen Martine Biever an Oriana Faraoni fir d‘„Aide aux Enfants Handicapés et Défavorisés de Luxembourg“ an un d‘Madamm Martine Eischen mat hirer Duechter fir d‘„Trisomie 21 Lëtzebuerg“. Schonn Ufanks 2022 hat d‘Kleederstuff och Hygiène Artikelen am Wäert vun 500 Euro un eng Hëllefsorganisatioun fir d‘Ukrain gespent. No der obligatorescher Foto duerch den Heng Krier war et un der Präsidentin, der Madamm Marianne Kersch, Aarbecht vun der Kleederstuff wärend dem leschte Joer kuerz ze beschreiwen: 10 benevole Dammen an Hären haten sech ofgewiesselt fir wärend 40 Nomëtteger gespente Kleeder un interesséiert Clienten ze verkafen. D‘Präsidentin huet betount dat ouni déi gutt logistesch Ënnerstëtzung vun der Gemeng Miersch des Aktivitéit net méiglech wär. Dono waren et d‘Beneficiairen vun den Donen déi Merci gesot hunn an hir Organisatiounen virgestallt hunn. Mat enger interessanter Diskussioun tëschent allen Bedeelegten iwwert de Benevolat bei der Ënnerstëtzung vu Leit mat engem medezineschen oder sozialen Handicap ass des kleng Feier op en Enn gaangen.