Miersch: Eng Gebuertsdagsfeier soll ëmmer mat Freed verbonne sin, an och a gudder Erënnerung bleiwen. Dat huet bei der éischter Feier fir dest Joer am Home pour personnes agées St. Joseph zu Miersch zu honnert Prozent och zougetraff. Et war einfach formidabel wi Direktioun zesummen mat dem Animatiounsteam a Jubilaren wärend e puer Stonnen am festlich gerëschtem Saal sech ganz gut amuséiert hun. Den Entertainer Rol Girres huet mat sengem gewinnten Humor de ganzen Mëtteg fir bäscht Stëmmung mat flotter Danzmusik gesuergt. Och d’Gemengevertrieder vu Colmer- Bierg, Hëlperknapp a Noumer, vertrueden duerch Isabelle Wickler, Claude Mathekowitsch a Sophie Didderich hun gratuléiert. Ganz houffrig war den Home- Direkter Nicky Wintringer mat den Responsabelen vum Haus, allen Jubilaren mat der Iwerreechung vun enger Rous a verbonnen mat engem kräftigen Happy Birthday, di allerbëscht Gléckwënsch zum Gebuertsdag an fir dat neit Joer vum Haus, iwerbrëngen ze dierfen. Natiirlich huet de grousse Gebuerstadagskuch mat engem Glas crémant och bei desem flotten Event nit gefeelt. D‘Jubilaren déi tëschent dem 25. Oktober an 16. Januar Gebuertsdag haaten waren: Anny Goetzinger-Frisch (79 Joer), Luisa Da Silva a Josette Godart- Jans (80), Gregorio Silva (81), Irmy Alen (82), Catherine Cornelius- Reckinger (83), Jean- Mathias Antony an Léon Scheuer (84), Maggy Lieffring-Raas a Jean Speyer (85), Sr. Gabrielle Thull, Marcelle Garatti-Boentges an Denise Schmit- Hansen (86), Marie- Louise Pellé- Schaack an Guillaume Bock (89),Hélène Wirth- Salentiny an Marguerite Hansen- Hengen (92), Jean Kauffmann (93), Roger Hilbert (94), Laure Robert- Wagner (95), Albertine Arendt- Monen (98) an Marie Parmentier- Baum (101). (CR (Foto: Charles Reiser)