Eng Rous fir 31 Jubilaren am HPPA- Miersch

Miersch: Eng Gebuertsdagsfeier sill ëmmer mat Freed verbonne sin, an och a gudder Erënnerung bleiwen. Dat huet bei der läschter Feier fir dest Joer am Home pour personnes agées St. Joseph zu Miersch zu honnert Prozent och zougetraff. Et war einfach formidabel wi Direktioun zesummen mat dem Animatiounsteam a Jubilaren wärend e puer Stonnen am festlich gerëschtem Saal sech ganz gut amuséiert hun. De Willy an de Ferdy haten mat hirem gewinnten Humor de ganzen Mëtteg fir bäscht Stëmmung mat flotter Danzmusik gesuergt. Och d’Gemengevertrieder vu Bissen, Fiels, Lëntgen, Miersch an Noumer, vertrueden duerch Bea Horsmans- Kabers, Myriam Martins- Mendes, Luc Clemen a Mirko Martinelli, Jos Consbruck, Sophie Diederich a Willy Vullers hun gratuléiert. Ganz houffrig war den Home- Direkter Nicky Wintringer mat den Responsabelen vum Haus, Sandrina Alves, Paul Laurent, Thomas Eibel mat der Schwester Paule Detampel allen 31 Jubilaren mat der Iwerreechung vun enger Rous a verbonnen mat engem kräfigen Happy Birthday, di allerbëscht Gléckwënsch vum Haus iwerbrëngen ze dierfen. Natiirlich huet de grousse Gebuerstadagskuch mat engem Glas crémant och bei desem flotten Event nit gefeelt. D‘Jubilaren déi tëschent dem 21. Juli an 26. Oktober Gebuertsdag haaten waren: Ernest Faber (76 Joer), Elisabeth Schmit-Metz an Marie- Berthe Lentz- Molitor (84). Virginie Kasel- Ury (85), Catherine Berens- Guelff an Nicolas Ahles (86). Madeleine Eich- Zago, Josephine Unsen- Thull, Agnès Feltes an Josée Frieseisen- Hennico (87). Antonia Philippe- Wealer an Elfriede Pomes- Hertz (88). Cécile Heinen- Schmitz an Johanna Horsmans- Naalden (89). Alice Schmitz- Nimax (90), Catherine Jungers- Bour, Maria Pletschette, Costantino Coppi an Triny Fallis- Meyers (91). Ernest Kaiser (92). Sr. Pierre- Marie Schmit a Catherine Kayser- Walin (93). Léonie Gengler- Schraml an Sr. Franziska Berens (94). Camille Royer (99).