Eng Spend zu Gonschte vun der Musek

D‘Piazza-Band, e Blosorchester mat 17 Membren a Sëtz zu Miersch, huet dëst Joer, no 16 Joren Aktivitéit, decidéiert hire Museksgrupp opzeléisen. An der Keess blouf nach ee Rescht vun 1243,63 €, deen als Don un d‘SOS Kannerduerf Lëtzebuerg gespent ginn ass.


A Präsenz vu 7 Membren aus der Piazza-Band esou wéi dem Line Jacoby a Patricia Proes, Vertriederinne vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, ass de Scheck iwwerreecht ginn. Bei dëser Geleeënheet hunn si der Piazza-Band ee ganz grousse Merci ausgedréckt an hire Membere bei enger Visitt duerch d'Duerf déi verschidde Spendenprojeten firgestallt.


D'Spend gëtt integral fir de Kaaf vu Museksinstrumenter am Kader vun der Musekspedagogik genotzt.