Miersch: Mir hun eisen Owend zesummefond, fir den Erléis vun eisem Second Hand Shop, de mir vum 5. bis zum 8. Oktober dat läscht Joer an der Hal Irbicht zu Biereng, ofgehaal hun, ze spenden. Mat dese Wieder huet d’Presidentin vum Second Hand Komitee Sylvie Hames- Nosbusch viru kuurzem all invitéeeën haerzlich Wëllkomm geheescht an huet sech och gefreet, dat no der laanger Corona Zäit an enger Zwangsgpaus et nees no engem klengen Test vum engem klengen Second Hand Shop Test am März 2022 am Mierscher Scoutshome, et sech rausgestallt huet, dat all eis bénévol Damen an Häeren rem bereet waren fir an der grousser Hal zu Biereng kräftig mat Hand unzepaaken. Duefir hinnen Alleguerten mam Gemengepersonal een oprichtige Merci fir hiren spontanen Asaatz. Och der Jugend vun der Spiller- Ekipp 5 x Biereng, déi zënter e puer Joer schon d’Kaffistuff organiséieren, och en dëcke Merci. Fir dest Event vum 27. September bis zum 8. Oktober hun 62 Dammen, 16 Hären, eng ronn 1 200 Stonnen bénévol geschafft. Hinnen Alleguerten gëllt Respekt an Unerkennung fir di enorm Leeschtung. Ganz Iwerrascht vum Erfolleg waren mir als Veräin, fir dene schwangere Fraen, déi vun der Invitatioun mëttwochs profitéiert hun, eng privat Vente unzebiedden, dat mir och an Zukunft bäibehaale wäerten. OP alle Fall ass den Second Hand vun de Jeunes Mamans Miersch ouni Zweifel eng beraichert Aktivitéit fir jidderren wou Solidaritéit, Frëndschaft, den Erfolleg vun 2 Wochen zesummeschaffen mam Zil aanere Leit mat gebrauchte Kleeder, Kutschen, Spiller Bicher Zubehör a Villes Méi , zu engem soziale Präis ze verkaafen alles engt 2. oder 3. Liewen kritt. Am Virfeld vun der eigentlicher Scheckiwerreechung gouf bekannt, dass de Mierscher Dammeveräin schon am Hierscht wéi et ugefaangen haat esou kaal ze gin, schon 80 Decken an 18 Poncho’en am Wert vun 1 000 Euro kaaft haaten, fir der Stëmm vun der Strooss déi dann ze schenken. Folgend Vereenegungen konnten jeweils e Scheck am Gesamtwert vun
28 000 Euro verbonnen mat engem grousse Merci entgéint huelen: 4 500 Euro huet Madame Rita Lavina fir CNDS Vollekskichen an Empfang huelen. Fir weider 4 500 Euro hun sech d‘Martine Pinnel an Christiane fir Stärekanner asbl, gefreet. OTM Haiti, vertrueden duerch hire President Camille Schneider a Madeleine Broers kruten e Scheck vun 4 500 Euro iwerreecht. Madame Viviane Elsen an hire Mann Charel Elsen souwi d‘Madame Sylvie Bourg hun fir de Scheck vun 4 500 Euro, den de Kanner a Familjenhëllef zegut kommen, Merci gesoot. Weider 4 500 Euro gi fier d‘Fondation Maison de la Porte Ouverte gebraucht, duefir sech d’Madame Myriam Mersch an Isabelle Marchal gefreet hun. Fir d‘Action pour un monde Uni (AMU) kruten de Claude Metz an d’Claudine Stein, och 4 500 Euro iwerreecht. Ewéi Traditioun et wëll, krut den Camille Schoeder e Scheck vun 500 Euro, déi fir d’Oeuvres paroissiales geduecht sin. Och d’Spiller Equipp vu 5X Biereng huet sech fir de Scheck vun 500 Euro gefreet. Nodeems dat di verschidden Scheckempfänger hiert jeweiligt Aufgabengebiet mat hir Projeten kuurz virgestallt hun, ass d’Glas op eng weider gut Zesummenarbecht erhuewe gin. (CR ) (Foto: Charel Reiser)