Last Summer Dance 2013 (VIDÉO) !

De leschte Samschdeg, 31. August 2013, huet zu Miersch den éischten "Last Summer Dance"-Festival stattfonnt.

Organiséiert gouf de Festival vun enger Grupp jonker Studenten, déi sech an der a.s.b.l. "Melting Pot" zesumme fonnt hunn.

Zwar huet och dësen - wéi all - Festival elo eemol kleng ugefangen, mä de Konzept vun deene Jonken ass stëmmeg an hir Iddi huet sécherlech Zukunftspotential.

Ëm wat et beim "Last Summer Dance 2013" genau geet, kënnt Dir ab elo op YouTube am Interview ënnert dem selwechten Titel héieren a gesinn. (Cy)