No 73 Joer Veräinsliewen ass Schluss- Fraen a Mammen Miersch haalen op


Miersch: De Bilan vun deenen zwee lëschte Joeren beweist, dat mir außer eisem traditionellen Dräikinneksiessen an engem Ausflug zesummen mam lokalen Gaart an Heem näischt méi op d’Been kritt hun !!!!. Firwat??? Mir aus dem Comité sin elo aal an de gréissten Deel vun eisen 88 Memberen sin nach méi aal. Bal d’Halschent vun denen, bezuelen nach just hir Memberekaart an huelen u soss néischt méi deel. Wann e Veräin keng Aktivitéiten méi ka maachen fir Recetten eran ze kréien, gëtt et Zäit fir opzehaalen. Dat waren d’Wieder vun der Presidentin Marguy-Lanners- Dondelinger agaangs vun hirer läschter Generalversammlung vun der „ACFL – Sektioun Miersch“. Duerno ass d’Presidentin an engem kuurzen Rëckblëck op d’Geschicht vum Mierscher Fraen a Mammen- Veräin agaang. Nodeem am Joer 1946 d’ACFL gegrënnt gin ass, hun sech 1951 hei zu Miersch e puer couragéiert Fraen zesumme gedoe fir aner Fraen hannert dem Kachdëppen eraus ze huelen an sech ze engagéieren. Et gouf eng Bizequippe gegrënnt a fleissig geschafft. No kuurzer Zäit konnt e Bazar ofgehaale gin fir Geld an d’Kees ze kréien. Si waren op e Mol zu 220 Memberen, déi aller Meescht am bëschten Alter an hun vill an och haart geschafft an dat ënnert de Presidentinnen Prim, Ries, Sax, Ludwig, Calteux, Laux, Hoffmann, Heuts an Kraus. Am Joer 2001 ass 50jährigt Bestehen mat Mass a Festiessen am Blannenheem gefeiert gin. Bis 2010 guef mat vill Asaatz, Arbecht an Zesumme- schaffen Bazaren organiséiert. Duerno hun si nach um Chrëschtmaart matgemeet. Den Erléis vun all den Aktivitéiten war ëmmer fir e gudden Zweck. Sou konnten Fraen a Mammen Miersch an all denen 73 Joer di stolz d‘Somm vun ëmmerhin 124. 112 Euro fir sozial Wierker hei am Land an och an der drëtter Welt, spenden. Zanter 1981 ënnerstëtzen si dräi Patekanner an Indien. Si se frou dat d‘ Aktiv Frae Miersch di Aktioun weiderféieren. Der Presidentin hir grousse Merci galt all jetzig an freieren Memberen vum Veräin, der Gemeng an alle Frënn, Donnateuren fir hir materiell- an finanziell Ënnerstëtzung an all dene Joeren. Ausser dene lukrative Aktivitéiten goufen awer och Visiten a Museen, Ausstellungen, a Betriiber, Theaterbesich, Konferenzen Kach- a Baakcoursen an Ausflich am In- an Ausland organiséiert. Um reliéise Plang war de Veräin och aktiv mat enger jährlicher Oktavmass an e puer Adventsfeieren. Zum Schluss huet d’Marguy Dondelinger awer nach drop gehaalen, fir de Comitémemberen, déi zënter 2011 ënnert hirer Presidenschaft matgeschafft hun, e grousse Merci ze soen. No dem ausféierlichen Aktivitéits- a Keessebericht vum Irène Ewertz, den och vun de Keesserevisoren Lydie Sauer an Nicole Bolmer als exakt bestätigt gouf, sin den Dechen Félix Steichen wi och den Schëffen Abby Toussaint op dat onermiddlicht Engagement vun de Fraen a Mammen Miersch an all denen Joeren agaangen an hinnen Luew an Uerkennung fir di geleeschten Arbecht am Numm vun der Kierch an der Gemeng Miersch ausgesprach an och ganz haerzlich Merci gesoot. An der uschléissender ausserordentlicher Generalversammlung war Eenegkeet de Veräin Fraen a Mammen Miersch no 73 Joer definitiv opzeléisen. Wann d’Fraen a Mammen ophaalen, geet et ënnert enger aanerer Form duerch d‘Aktiv Frae Miersch weider. Hinnen e grousse Merci fir dat gut Zesummeschaffen a vill Erfolleg an Zukunft gewënscht. D‘Generalsekretariat vun der ACFL huet sech och bereet erklärt, d’Gestioun vun de Memberkaarten a Verschécke vun der Zeitung weiderhin ze iwerhuelen. Zum Schluss vun der Generalversammung koum et dunn zur Scheckiwerreechung vun 1.800 Euro, den de Rëscht vun der Veräinskees duerstellt a wou den Dechen Félix Steichen mam President vun der Kierchefabrik Miersch, Willy Kass fir dese léiwe Geste och villmols Merci gesoot hun. Nom Liesen vun engem klenge Gedicht huet dess Generalversammnlung hiren würdigen Ofschloss fond. CR) (Foto: Charles Reiser)