Rousen fir 26 Gebuertsdagskanner am Home Saint- Joseph


Miersch: All Pensionnären a Schwësteren, aus dem Home Saint- Joseph vu Miersch, déi tëschent dem 29. Abrël an dem 20. Juli gebuere goufen, sin am Kader vun enger gemeinsamer Geburtstagsfeier mat enger Rous geéiert gin. Et war di drëtt Veranstaltung fir dest Joer, déi zesummen mat de Memberen vun de Familljen organiséiert gin ass. D’Gemengen vu Bissen, Colmer- Bierg, Hëlperknapp Lëntgen a Miersch waren vertrueden duerch de Carlo Mulbach, Isabelle Wickler, Jean- Claude Mathekowitsch, Jos Consbrück a Willy Vullers . Am Numm vun der Direktioun a vum ganzen Personal huet de Home-Direkter Nicky Wintringer allen Jubilaren mat enger schéiner Rouss gratuléiert a weiderhin och eng gut Gesondheet gewënscht. No enger Coupe Crémant war et den Entertainer Willy den, den ganzen Nommëtteg iwer mat flotter Ënnerhaalungs- an Danzmusik fir bëscht Stëmmung am festlich gerëschtem Saal gesuergt huet. Héichpunkt vun deser Geburtsdagsfeier war ouni Zweifel d’Opschneiden vum groußen Geburtsdagskuch. D’Jubilaren Liliane Fellens- Serres (77 Joer); Jean- Baptiste Kontz (78); Raymond Soisson (80; Valérie Hoss- Jung (81) an Georgine Lahr- Wiesen (81); Marga Thiry- Dennenwaldt an Jeanny Kinarian- Laux (82); Madeleine Wanderscheid (83); Georgette Heck- Herber (84); Sr. Béatrice Hourscht(84); Josée Schmit- Lecomte (85); Agnès Schwitz- Bach (86); Irène Legay, Elise Fischbach- Fettes an Sr. Bertha Feiereisen (87); Joseph Kiesch, Hannelore Spielmann- Krepper an Josette Hausemer-Steichen (88); Suzanne Lorse- Weyland (90); Josephine Van der Weken- Nols (91); Alice Muller- Heiderscheid (92); Léonie Victor- Geisen an Lucie Simon- Weber (93); Léonie Miny- Heck (95); Félicie Bohler- Weisgerber (97) an Catherine Thill- Backes (99). (TEXT A FOTO: CHAREL REISER)