Miersch: All Pensionnären a Schwësteren, aus dem Home Saint- Joseph vu Miersch, déi tëschent dem 17. Januar an dem 24. Abrël gebuere goufen, sin am Kader vun enger gemeinsamer a flotter Geburtstagsfeier mat enger Rous geéiert gin. Et war gläich di drëtt Veranstaltung fir dest Joer, déi zesummen mat de Memberen vun de Familljen organiséiert gin ass. D’Gemengen vu, Bissen, Colmer- Bierg, Hëlperknapp, Miersch a Noumer waren vertrueden duerch, Bea Horsmans- Kabers Isabelle Wickler, Jean- Claude Mathekowitsch, Willy Vullers a Sophy Diderrich. Am Numm vun der Direktioun a vum ganzen Personal mat der Schwëster Paule Detampel, huet de Home-Direkter Nicky Wintringer alle 41 Jubilaren mat enger schéiner Rouss gratuléiert a weiderhin och eng gut Gesondheet an eng zefriddent d‘ Joer gewënscht. No enger Coupe Crémant war et dem Entertainer Willy, den mat sengem gewinnten Humor de ganzen Nommëtteg iwer mat flotter Ënnerhaalungs- an Danzmusik fir super Stëmmung am festlich gerëschtem Saal gesuergt huet. Héichpunkt vun deser Geburtsdagsfeier war ouni Zweifel an d’Opschneiden vum groußen Geburtsdagskuch. Dess Jubilaren sin mat engem kräftigen „Happy Birthday“ geéiert gin. Biren Danielle (61 Joer), Berchem Danielle (68), Pletschette- Quinet Gilberte, Urwald Carlo an Altman- Schlechter Catherine (75), Wypchal Zdzislaw (78), Ludivig- Pick Marianne an Ewertz- Schartz Catherine (81), Faber Adelie, Schumacher- Reding Liliane an Zenners- Koeune Georgette (83), Lafleur- Schroeder Marguerite (84), Peckels- Decker Catherine an Ludwig- Goergen Annette (85), Zahnen Anne (86), Stelmes- Groos Annette an Godart Gilbert (87), Sr. Detampel Paule (88), Jacoby- Linden Anne- Marie (89), Petit-Burg Catherine, Thomas- Berchem Josephine an Sabel- Schartz Eugénie ( 90), Sr. Zahnen Nicole- Marie (91), Jacobs- Leiner Ketty, Sr. Everad Agnes, Welscher Maria, Mathes- Demuth Andrée an Faber- Heyen Gertrude (92), Baustert- Krausch Charlotte an Ahles Pierre (93), Bausch- Schmit Thérèse, Koener- Moris Léonie, Kieffer- Goller Marie- Josée, Schleimer- Meres Cécile, Kayser Léon an Gantrel-Decker Alice (94), Mertens- Schmitz Anna (95), Bové- Ewert Marie (97), Sr. Raas Marie- Jeanne an Müller- Wolfsfeld Irma (98), Heisbourg- Soisson Catherine (100). Bei engem schmackhaften Owesiessen a flotter Gesellschaft, huet dess flott Feier a gudder Gesellschaft hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)