Second Hand Maart huet 50 000 Euro erabruecht


Aktiv Frae Miersch hun 14 Schecken iwerreecht

Miersch: Eng Rekord Zomm vun ëmmerhin 50 000 Euro, déi den Erléis vum Second Hand Maart Ausgang Februar- Ugangs Mäerz organiséiert vun den „Aktiv Frae Miersch“ an der Hal Irbicht zu Biereng duerstellt, konnt viru kurzem a Form vu 14 Schecken un verschidden benevol Hëllefsorganisatiounen verdeelt gin. Agangs huet d’Presidentin Sylvie Hames- Nosbusch jidderengem Merci gesoot, deen derzou bäigedroen huet, datt dest Event zu engem groussen Erfolleg gefouert huet. Ganz speziell gouf dem Virstand mat dem Organisatiounscomité mat allen benevolen Dammen an Hären, der Gemengeverwaltung mam Technischen Service, der Vereenegung „ Eng Nei Schaff“, der Jugend vun der Spillerequipe 5x Biereng, de Léierinnen vum Cycle 3.1 vun Lorentzweiler souwéi alle Leit déi gudd Kleeder, Spillsaachen, Kutschen a Villes méi gratis zur Verfügung gestallt hun, ganz haerzlich gedankt. Duefir sin di Aktiv Frae Miersch dess Kéier ganz houffrig drop, fir di absolut Rekord Zomm vun 50 000 Euro können ze verdeelen. Fir d’Aktioun „Eng Spillplaaz- fir een Häerz fir kriibskrank Kanner“ konnten di Hären Parri Pascal, Reinardt Ralph an Hottua Jeff ee Scheck vu 6 000 Euro entgéinthuelen. Madame Claude Feyder soot Merci fir de Scheck vun 5 000 Euro, den „Hope Village Europe“ zugutt könnt. Weider 5 000 Euro sin un d’Dammen Kemp-Klemann Annette an Harpes Claudine verdeelt gin, déi fir „Kiwanis Gëlle Fra“ bestëmmt sin. Merci gesoot hun Beurlet Thomas an d’Madame mat hirem Mupp „Sunny“fir de Scheck vu 5 000 Euro, den der „ASA asbl“ zugutt könnt. D’Vereenegung „Pimpampel“ vertrueden duerch d’Mme Krieps Pia huet sech iwert de Scheck vun 5 000 Euro gefreet. Fir „Initiativ Liewensufank“ hun Dammen Eudier Maria an Banzer- Schmit Yasmine fir de Scheck vun 3 500 Euro, Merci gesoot. Den Här Schweig Claude an den Här Ludwig Georges waren ganz frou iwert de Scheck vun 5 000 Euro, déi ganz effikass bei der Vereenegung „Ninos de la Tierra“ agesaat gin. Och de Scheck vun 1 000 Euro, deen un Godard Fabrice an Cornesse Claire verdeelt gin ass, könnt der Vereenegung „Eng Nei Schaff “ zugutt. Vun den „Oeuvres Paroissiales Miersch“ waren den Här Camille Schroeder an den Här Lucien Kass komm, fir de Scheck vun 4 000 Euro entgéint ze huelen. Mat dem 500 Euro Scheck fir d’Spiller Equipe vu 5X Biereng deen d’Sharon Rischard kritt hun, konnten si ganz zefridde sin. Weider Spenden fir d’Schoulkanner vun den 2 Klassen C3.1 vu Lorentzweiler (250 Euro), d’Organisatioun „Hope 4 Paws“ (2 250 Euro), „Air Rescue“ (3500 Euro) an „Apotheker ohne Grenzen“ (4 000 Euro) sin ofschléissend iwwerwisen oder verdeelt gin. Noodeems dat di verschidden Organisatiounen hirt jeweiligt Aufgabegebiet nach kuerz virgestallt hun, an den „Aktiv Frae Miersch“ villmols Merci gesoot hun, huet dess Scheckiwwerreechung bei flottem Zesummesin säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)