Symposium iwwert d’Beweegungserzéiung fir Kanner a Jugendlecher am LTPES

Och dëst Joer war de Symposium iwwert d’Beweegungserzéiung fir Kanner a Jugendlecher am LTPES e risegen Erfolleg!

Um Symposium, dee vun Elisabeth, dem LTPES, GIMB an dem INAPS organiséiert gouf, hunn 160 Participanten aus der formeller an non-formeller Bildung Deel geholl.

Wärend ville spannende Virträg an Ateliere krute si erkläert a gewise wéi wichteg et ass, sportlech Aktivitéite bei Kanner a Jugendlechen ze promouvéieren.

De Prof. Dr. Dr. Stefan Schneider huet en interessante Keynote gehalen, dëst zum Thema „Von Kindern und Kosmonauten – neurokognitive Effekte von Sport und Bewegung im Lebensverlauf“.

De Ministre des Sports, den Här Georges Engel, de Ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, den Här Claude Meisch, souwéi d’Ministre de la Santé, d’Madamm Paulette Lenert hunn och um Evenement Deel geholl an hunn den Engagement vun der Regierung fir physesch Aktivitéiten ze fërderen ënnerstrach.

E grousse Merci u jiddereen, deen zu der Organisatioun bäigedroen huet, souwéi un all d'Participanten!