Generalversammlung vun der Amicale vum Plegeheem "Op Lamp" zu Waasserbëlleg

Den 24.04.2018 haat Amicale vum Plegeheem "OP Lamp" vun Waasserbëlleg op hier Generalversammlung agelueden. Den Vize-Präsident François konnt nirwend den Memberen vun der Amicale och aus der Direktioun Mme Anne Maas an den Här Wolfgang Billen an vun der Gemeng Schäffin Mme Nadine Lang-Boever an Hären Conseiller Alain Scheid, Roland Feipel, Ady Schanen an André Friden begreissen. No der Begreissung gouf den Rapport vun den Aktiviteiten vun der Sekretàrin Astrid Lagoda virgedroen. Am Joer 2017 huet Amicale verschidden Concerten an Veranstaltung wei zum Beispiel Kirmesfest oder Weihnachtsfeier organiseiert. Zudem huet se Busser fir op Sparngpressioun, Oktave, Betebuerger Park oder Schueberfouer an Fahrt mam Scheff Marie-Astrid bezuelt. Do derbai goufen och nach 3 Tablets an 2 Hochbeeter fir Bewunner kaaf. Nom Rapport gouf den Keesbericht vun der Kessière Mariette Gerson virbruecht. No dem ausfeierlechen Keesbericht kruut Mme Gerson Decharge vun der Versammlung. Et koum och nach zur Deelneiwahl vum Comité wou den Präsident Serge Oth, an Memberen Marie-Paule Kimmen an Sandra Bettendorf hier Demissioun erangerecht haaten an Amicale konnt en neien Comitésmember , Mme Sandra Klaty, begreissen. Nodeems Rapporten vun der Versammlung ofgeseent goufen huet Mme Anne Maas als Direktesch vum Plegeheem nach en puer Wuert un Memberen an Eiergäscht gesoot. Als Ofschloss huet Mme Nadine Lang-Boever vun Gemeng och nach en puer Wuert un Leit geriicht. No denen villen Rieden an Rapporten huet den Vize-Präsident François Warnier Versammlung opgehuewen an Leit op en Patt an en Agape agelueden.