Generalversammlung vun der Harmonie Waasserbëlleg

Den Freideg 9. Juli huet Harmonie Waasserbëlleg hier 143. Generalversammlung am klenge Kader ofegehaalen. Den Präsident François Warnier konnt nierwt dem Buergermeschter Jérôme Laurent och nach Conseiller Cilly Hirtt, Claude Franzen an André Friden begreissen. No der Begreissung huet den Sekretär an Vize-Präsident Jacques Nau den Aktiviteitsbericht présentéiert. Et war net all zevill gelaaf, well durch Pandemie Harmonie just ob 4 Sortien war an net vill Prouwen ofhaalen konnt. Dono huet den Trésorier Markus Fusenig den Keesbericht virgedroen, den vun Keesrevisoren ouni Fehler kontrolleiert gouf an vun der Versammlung Décharge kruut. Den Dirigent Manfred Stöckl huet nach en puer Wuert un Musikanten geriicht an do derbai kruut den Archivar Hans Thul en klenge Cado fir dei vill Arbecht am Hannergrond während der ganzer Saison. Nodems den Präsident nach en puer Wuert un Musikanten geriicht huet, huet den Buergermeschter als letzten Riedner Generalversammlung ofgeschloss.

Am Septemer start Harmonie an eng nei Saison 21/22 an hoffentlich eng normal, domat se am Dezember zu hierem traditionellen Wanterconcert inviteieren kann.