Harmonie Waasserbëlleg meets Friends

Den 1 Weekend am Juli 2019 war op Invitatioun vun der Harmonie Waasserbëlleg den ungarischen Orchester Koncert-Fúvószenekar aus Tamási zu Waasserbëlleg op Besuch. Samsdes war op Invitation vun der Gemeng Mäertert eng kleng Receptioun fir den ungarischen Orchester am Centre Culturel. No deser klenger Feier goung et weider op Iechternach wou en Mettegiessen, eng Visite vun der Abteistadt an en Concert op engem Fest ustung. Sonndes moies haat den Orchester eng Visite vun der Stadt Letzebuerg. Dei eigentlich Invitatioun war fir en Concert am Kader vum 140. Anniversaire vun der Harmonie Waasserbëlleg ze spillen. Sonndes um 17 Auer stung du den Concert, wou den 1. Deel Orchester Koncert-Fúvószenekar ogeetrueden ass an den 2. Deel d'Harmonie Waasserbëlleg, um Programm. Als krönenden Ofschloss vun dem Concert virun engem goud gefëllten Sall, hun dei 2 Orchester zesummen den Radetzik-Marsch obgefouert.