Kommt mir huelen nach een.

Kommt mir huelen nach een!

Mat dësem Titel hat d“Chorale Municipale“ Sängerbond Museldall Waasserbëlleg vill interesséiert Nolauschterer op e flotten Gesangsnomëtteg an den Waasserbëlleger Festsall agelueden.

D’Dirigentin vum Waasserbëlleger Männerchouer Viviane Kohn-Hames hat en ofwiesselungsräichen Programm, mat bekannten, manner bekannten a witzegen lëtzebuerger Lidder vu fréier an haut, zesummegestallt. Um Piano huet den Daniel Lang mat Freed de Chouer begleet. D’Kuliss vun engem Wäikeller, gemollt vum verstuerwenen Sänger Pir Kertz, huet zesummen mat engem gudde Patt Misler déi richtig Atmosphär geschaaft.

No dem Lidd „Kommt mir huelen nach een“ mam Bass Abbes Hoffmann, huet den Éirendirigent Nico Hames vun enger Krunnemeck erzielt an d’Sänger hun den Himpchen geéiert. Duerno huet den Tenor Emile Elsen vun engem „topigen Maan“ gesongen an de Chouer d’Geschicht vun der Hämelmous. De Bariton Georges Mahnen huet „dem Misler säin Testament“ mat Bravour virgedroen a weider goung et mam „Moun am Mound, um Faass, enger Drèpchen an dem Béierlidd“. Ganz begeeschtert war de Publikum wéi den Hermann Demmer „Ech drenke gär mäi Pättchen“ an den Bass Alain Biver „Höp du alen Topert“ zum Beschten gin hun. Wéi schons sou oft huet dem President Yvon Streff säin „Zockerfengerchen“ d’Leit richtig zum Laachen bruecht.

No enger gudder Hameschmier goung et weider mat „Dat elei an dat elo, dem Meedchen vu Götzen, Ons Jofferen an ech hat emol eng Freiesch“. Weider solistisch Lidder wéi „d’Kannéileliss vu Weier“ mam Abbes Hoffmann a Pit Kohn, dem „Réiseli kleng“ mam Alain Biver oder dem „léiwe klengen Domino“ Camilloméissig vum Pit Kohn gesongen, hun de Publik zu kräftigem Applaus animéiert. Mat senger him eegener Art huet den Yvon Streff mat der „Rutsch an der Stremp“ an „Angélique“ de Publikum begeeschtert. Den Nico Hames huet met der Noutbrems an der Ditty déi beischte goung nët nemmen den „Don Camillo an de Peppone“ pardon, den Dechen Claude Bache an de Buergermeeschter Jérome Laurent zum Laachen bruecht. Mat dem „Manyla“ an dem stëmmgewaltigen Solist Nico Hames ass en schéinen Nomëttig, esou wéi fréier am Duerfcafé, op en Enn gangen.