SCHECKIWWERREECHUNG un d’Organisatioun ” Make-a-Wish”

Viru kuerzem hunn d'Comitéssmemberen vun der Fanfare Concordia Mäertert an der Harmonie Waasserbëllig e Scheck vun 1500€ un d'Madame Joëlle FALTZ, Vertriederin vun der Ong "Make-a-Wish" iwwerreecht.

Dësen Betrag koum zu Stanen durch eng Kollekt am Kader vum Wanterconcert vum 10. Dezember 2017 mat deenen 2 Musiken am Centre Culturel zu Waasserbëllig a gouf duerno mat dem Erléis vun deem Owend opgeronnt.

D'Madame FALTZ huet sech bei de Verantwortlichen vun den 2 Veräiner fir de léiwe Geste bedankt an ass nach eng Kéier kuerz op d'Aktivitéiten vun "Make-a-Wish"agangen