Flott Zesummesin op der Seniorefeier vun der Gemeng Mäerzeg


Mäerzeg: Ronn 120 Matbierger ab dem 65. Liewensalter waren der Aluedung vun der Gemeng Mäerzeg nokomm, fir e puer flotter Stonnen a gudder Ambiance am schéin zur Adventszäit gerëschtem Centre Turelbaach mateneen ze verbrëngen. Zesummen mam Schäffen- a Gemengerot war et fir de Buergermeeschter Mike Poiré eng besonneschesch Éier di vill uwiesend Matbierger och ganz häerzech ze begréissen. A senger Laudatio huet hien op d‘Wichtigkeet vun esou enger Adventsfeier fir d’Seniore mam héichen Alter higewissen, wou och an engem Moment un di verstuerwen Leit aus der Gemeng geduecht soll gin. Ganz kuurz ass hien op di fërdeg awer och zukünftig Projeten agaangen, déi a gudder Zesummenarbicht mam Schäffen- a Gemengerot zum Wuel vun alle Bierger vu Mäerzeg realiséiert goufen an och an Zukunft an dem Sënn viru gefouert solle gin. De Buergermeeschter e.a. huet och schon am Virfeld op dat grousst Gebuertsdagsjoer 2025 zu Mäerzeg opmierksam gemaach wou folgend Anniversairen ustinn: 175 Joer Porkierch, 150 Joer Chorale Ste Cécile, 150 Joer Gemeng, 125 Joer Musek a 60 Joer Jugendpompjeeën. Engt Jubiläumsjoer dat schon am Laaf vum Joer 2024 virbereet muss gin. No senge Wierder vu Merci a Wënsch op besënnlich Feierdeeg an op engt gesond a gléckecht neit Joer waren et d’Kanner aus de Cyclen 2 bis 4, déi ënnert der Leedung vum Jessica Tagliaferri als Chargée de direction vun der Maison Relais de Leit mat vill Applaus e flotten Gesangsoptrëtt virgedroen hun. Nom deftigen Mëttegiessen goufen traditiounsgeméiss och all Jubilaren déi hiren 80. Resp. 90. Gebuertsdag am Laaf vum Joer konnte feieren mat engem passenden Kado geéiert. Fir 80 Joer: Georgette Link- Corbin; Agnès Konen; Martha Anna Josepha Voncken; Catherine Jager-Weiller; Emilie Nei- Wolter an Jos Glodt. Fir 90 Joer: Renée Thill- Nilles an Jeanne Olk- Staudt. De Kleeschen mam Housecker waren och op der Seniorefeier passéiert a jiddereen krut do e gudde Schokolas- Kleeschen aus dem fairen Handel vum lokalen Fairtrade Bäcker Jos & Jean- Marie Neuberg. Uschléissend vun deser Feier war d’Ouverture vum Mäerzeger Chrëschtmaart, eng Organisatioun vun der Maison Relais an Zesummenarbecht mat der Gemeng an der lokaler Event- Kommissioun. (CR)(Foto: Charles Reiser)