De Männerkouer huet an der Turelbaach e flotte Programm zerwéiert
Mäerzeg: Op Aluedung vum Gesangveräin Mäerzeg huet den am Joer 1911 gegrënnten Männerkouer Lyra vun Ettelbréck, viru kuurzem di zwéin Owender vum Weekend vum 7. an 8. Februar scho fir di 15. Kéier, d’Bühn am Centre Culturel Turelbaach zu Mäerzeg betrat, fir dem Publikum e flotten Gesangsprogramm ze presentéieren. Bei vollem Haus konnt den Chouer- President vu Mäerzeg , Jeannot Wantz vill Frënn vun der Lyra a vum Gesank di zwéin Owender begréissen. Hire laangjährigen Dirigent Marion Michels haat mat senge Lyra-Sänger ënnert dem Titel „Liebe ist Alles“ nit manner wi 18 bekannt Melodien aus de Joeren 1949 bis 2004 erausgesiicht, déi dat begeeschtert Publikum zum Sangen a Klatschen bewegt hun. Mat Melodien wi „Song for a guy“,Love me tender“, „Top oft he world“, „Liebe ist Alles “ , „die Dornenvögel“ bis hin zu „Hymne à l‘amour“ , déi och deelweis vun de Solisten Henri Beissel, Vincent Koks, Billy Tessaro an John Düsseldorf gesanglich interpretéiert goufen, koum de ganzen Owend zesummen mam Instrumentenensemble Luc Hoffmann, Pit Ewen, Max Duchscher an mam Claude Huss um Piano och keng Langweil,op. No de Rieden vum Jeannot Wantz, dem Buergermeeschter Mike Poiré an dem Lyra- President André Nicolay huet de Männerkouer nach dräi Zugaben zum Bäschte gin , fir dat ganzt Publikum och bäschtens zefridden ze stellen. Dat de Männerkouer Lyra bei villen Gesangfrënn och ganz beléift ass, huet dese Galaconcert 2026 zu Mäerzeg erneit bewissen. (CR) (Foto : Charel Reiser)