Eng propper Gemeng Sëll, Dank villen eifrigen Hänn, Grouss Botz war ugesoot !


Sëll: Och dest Joer gouf an der Gemeng drop gehaalen, fir hir Uertschaften vun Allem z eberfreien, wou d’Läit hiren Drëck, ouni ze iwerleeën, einfach an d’Natur gehäit hun. Fir d’Gemeng Sëll awer trotzdem ganz propper ze haalen, war fir Samsden, den 18. Abrël nees di grouss Botz ugesoot. No dem Kaffi a Croissant am Festsall , huet de Buergermeeschter Gérard Zoller all dene villen eifigen Benevollen , Jugendlicher, dem technischen Service, Veräiner an och der Amicale Pompjeeën Sëll als Organisator Merci gesoot fir hirt fräiwëlligt Engagement, fir bei deser Botzaktioun matzemaachen. Trotzdem dat all Joer manner Drëck opzeraafen ass, wir et awer wichtig esou eng Grouss Botz an der ganzer Gemeng duerch ze zéien. Noodeems dat de Guy Mertens vun der Amicale Pompjeeën Sëll verschidden Erklärungen gin huet fir op den Oflaaf vun deser Grousser Botz hinzeweisen, hun di verschidde Gruppen och en detailléierte Plang iwereecht kritt fir sech duerno op de Wee ze machen an dann di ganz Gemeng vu jeglichem Drëck ze befreien. Géint Mëtteg war den Dësch och gedëckt, wou jiddereen, de Moies derbéi war, sech de Menü als Merci och gut schmaache gelooos huet. (CR ) (Foto: Charles Reiser)