Conveniat zu Méischdref op der Ënnersauer.

Wann all Joer Däiwels Kopp ufänkt gréng ze ginn. An am Schweinsberg d’Orchideen, op Giwerwangert wëll Bratzelen, a Basilikum ufänkt ze wuessen,

dann zitt et munchereen mol nees zréck a säin Heemechtsduerf ,

Well hei goufen de meescht gebuer hei gonge mir an d’ Schoul als Méischdrefer Meedchen a Jong. Wat haut eis nach bleift dat ass - Erënnerung

Esou hunn der vill vun deenen 30 sech gefillt, wéi mir den 8 Juli vun dësem Joer eise Conveniat an dësem Duerf gefeiert hunn.

Et ass u gangen mat enger feierlecher Mass déi de Kierchechouer Méischdref-Bour mat grousse kënnen eis gebueden hunn hinnen an dem Här Paschtouer Luc Schreiner e grousse Merci.

No dëser Feierlechkeet goufe mir dunn am eiser aler Schoul wou mir während 8 Joer d’Schoulbänk gedréckt hunn vun der Schäffin der Madame Chantal Hein op den Éierewäin a gelueden. An hirer Usprooch ass si kuerz op d’ Liewen an d ‘Schaffen an der Gemeng agaangen an huet sech gefreet, dat nach al Méischdrefer gären an hir Duerf kommen fir e Conveniat ze feieren. Och ass si kuerz drop agaangen, wat vum nächste Joer aus dëser Gemeng geschitt, dat si mat der Rousperter Gemeng fusionéiert an eng gréisser Gemeng gëtt.

Et war dem Organisateur de Jean Loes eng grouss Éier déi vill Al Schoul Kolleginnen a Kollegen ze begréissen a mat engem Gedicht iwwer déi Zäit wou si zesumme an Schoul gaange sinn huet hien der éischter Schäffin an all deenen déi et méiglech gemaach haten Merci gesot fir dee nobele Geste, dat ee grousse Succès gi war. No engem nobelen “Schmaus” am Restaurant vum Burer Camping hu mir eis dunn op de Wee op Iechternach gemaach wou mir mat groussen Fachwëssen vum Här Dieschbourg Jr. déi wonnerschéin al Dieschbourg Millen, aus dem Joer 1897 mat hiren eenzelen Produkter gewise kruten.

Als Schlusswuert kann een Folgendes soen, dat et flott ass sech mat iwwer 70 Joer a nach rüsteg erëm ze gesinn a wann et eis méiglech ass an 2 Joer op der selwechter Platz erëm ze gesinn.

Jang LOES