Wann all Joer Däiwels Kopp ufänkt gréng ze ginn.

Wann all Joer Däiwels Kopp ufänkt gréng ze ginn.

Dann zitt et munchereen mol nees zréck a säin Heemechtsduerf, well hei goufen de meescht gebuer hei gounge mir an d’ Schoul als Méischdrefer Meedchen a Jong déi zesummen gehalen, Freed a Leed gedeelt an en Deel Geschicht geschriwwen hunn. Wat eis haut nach bleift dat ass - Erënnerung

Esou hunn der vill vun deenen 25 sech gefillt, wéi mir den 6.Juli vun dësem Joer eise Conveniat an dësem Duerf gefeiert hunn.

Et ass ugaangen mat enger feierlecher Mass déi de Kierchechouer Méischdref-Bour mat grousse kënnen eis gebueden hunn hinnen, an dem Här Paschtouer Luc Schreiner e grousse Merci.

No dëser Feierlechkeet goufe mir an eiser Aler Schoul wou mir während aacht Joer d’ Schoulbänk gedréckt hunn vum zweete Schäffen dem Här Patrick Hierthes op den Éierewäin a gelueden. Eng grouss Éier war et fir den Organisateur déi vill Al Schoul Kolleginnen a Kollegen ze begréissen an dem Schäffen an all deenen déi et méiglech gemaach haten Merci ze soen fir dee nobele Geste, dat ee grousse Succès gi war.

Am Nomëtteg hu mir zesummen de “Ramborn” Lëtzebuerger Cider-Produzent besicht, wou mir déi wonnerschéin restauréiert Gebailechkeeten esou wéi déi ganz Produktioun Anlag gewise kruten, an hir Produkter genéisse konnten. Merci de Responsabelen vu “Ramborn” eppes wat ech jidderengem ka roden besichen ze goen wann en an der Géigend vu Bur (Born) ass

Wie weess vläicht hu mir d ‘Gléck eis beim nächste Conveniate zréck ze gesinn.

Jean Loes

Weitere Neuigkeiten von Jean-Roger Loes >