10 nei Gediechtnistrainerinnen beim LVGT

Den 8. Mäerz 2024 huet de Lëtzebuerger Veräin fir Gediechtnistraining asbl (LVGT) un 10 nei “Ganzheetlech Gediechtnistrainerinnen” den Zertifikat iwwerreecht. Wärend dräi Woche goufen Damme vun enger Ausbildungsreferentin, der Madame Regina Marquardt (riets am Bild), vum BVGT (Deutscher Bundesverband für Ganzheitliches Gedächtnistraining e.V.) ausgebilt.

Wann Dir als Club Senior oder Gemeng interesséiert sidd fir e Gediechtnistraining unzebidden, da kontaktéiert eis gäre per E-Mail op info@lvgt.lu.

Zesumme mat hirem Zertifikat kruten déi nei Formatricen och en Übungsheft op Lëtzebuergesch, dat de Veräin Enn 2023 zesumme mat engem franséische publizéiert huet.

Sidd dir och un engem Übungsheft interesséiert kënnt dir dat fir 25€ iwwer eis Mail bestelle mam Vermierk op dir ee lëtzebuergescht oder franséischt Heft wëllt.