Assemblée Générale vum Cercle Philatélique Mondercange a.s.b.l

Assemblée Générale vum Cercle Philatélique Mondercange a.s.b.l, den 11.05.2026 am Centre Arthur Thinnes zu Monnerech


Begréissung duerch de President Ed. Fonck, vun de Memberen, der Schäffen vun der Gemeng Monnerech der Mme Marianne Baustert, dem Conseiller den Här Serge Gaspar, d'Vertrieder vun der FSPL d'Mme Marie-Louise Nilles an den Här Michel Kirsch.

D'Mme Marianne Baustert huet den Här Buergermeeschter Jeannot Fürpass entschëllegt.

De President huet informéiert, dass d'Statuten reforméiert goufen an de Veräin am Joer 2026 zënter 60 Joer besteet.

De Sekretär Servais Quintus huet den Aktivitéitsbericht virgedroen an drop higewisen, dass d'Leit sech während der Pandémie Covid 19 net méi treffen konnten, duerno war et eng nei Situatioun. Et war net einfach erëm nei ze starten. Jonk Leit hunn aner Prioritéiten.

Keessebericht vum Ed. Fonck. D'Keesserevisorin d'Mme Christiane Stoffel huet d'Keess kontrolléiert. D'Assemblée Générale huet dem Tresorier Decharge accordéiert.

D'Mme Marie-Louise Nilles huet dem Comité vum Cercle Philatélique Monnerech merçi gesot fir hier Aktivitéiten an iwwer aktuell Neiheeten vun der FSPL informéiert.

D' Mme Marianne Baustert huet merçi gesot fir d'Benevolat an invitéiert fir weider ze maachen mat den Aktivitéiten.

Ofschléissend huet de Veräin nach e Patt offréiert et gouf nach gemittlech zesummen geschwat a geplangt .