De Lucien Michel huet säin 100. Gebuertsdag gefeiert

Monnerech: Haut konnt de Buergermeeschter vu Monnerech, Jeannot Fürpass, dem Här Lucien Michel fir säin 100. Gebuertsdag felicitéieren. De Lucien gouf den 1 Januar 1926 zu Monnerech gebuer an huet do säi ganzt Liewe verbruecht. De 4. Oktober 1952 huet hien sech mam Emilie Kralj bestuet. Gemeinsam hunn se 3 Kanner groussgezunn, den Edouard, de Jeannot an de Romain.

Leider ass seng Fra, d’Émilie, 1996 verstuerwen. Zënterhier lieft de stolze Bopa vu sechs Enkelkanner an Urbopa vun dräi Urenkelkanner nach ëmmer selbststänneg doheem. Hien ass nach ganz rüsteg a säi gréissten Hobby ass am Gaart ze schaffe, wat hie bis elo nach ëmmer maache konnt.

Mir gratuléieren dem Lucien ganz häerzlech a wënschen him alles Guddes.

D`Famill

Weitere Neuigkeiten von Edouard Michel >