Goldmedaile an eng 4. Plaz fir d'Monnerecher Musek um World Music Contest

Vum 25. bis de 26. Juli war d'Harmonie Municipale de Mondercange um World Music Contest (WMC) zu Kerkrade an Holland mat dobäi.


De WMC ass ee vun de renomméiertste Musiksconcoursen aus Europa, wann net esouguer weltwäit.


Wou d'Monnerecher Musek matkritt huet, dass dëse Concours 2026 erëm géif stattfannen, hu si et sech net huele gelooss sech fir dës Editioun unzemellen, a vum Momentum ze profitéieren, dee si 2025 mam Concours vum Flicorno d'Oro zu Riva del Garda an Italien haten.


Vu September 2025 un ass d'Pflichtstéck "Evolutions for Winds" vum lëtzebuerger Komponist Marco Pütz geprouft ginn an och ob 3 Concerten hei am Land opgefouert ginn.


Nieft dem Pflichtstéck huet den Dirigent, de Sebastian Geis, nach 2 weider Stécker ausgewielt gehat, an zwar "Flashing Winds" vum Jan van der Roost a "Moving Heaven an Earth" vum Philip Sparke.


All dës Wierker goufen an deene leschte Wochen a Méint intensiv geprouft, wat sech dann och e Sonndeg, de 26. Juli um 15 Auer am Theater vu Kerkrade, weise sollt.


D'Monnerecher Musek huet an deenen 30 Minutten ob der Bün hire Programm presentéiert, welche spéider vum internationale Jury mat 91,44/100 Punkte sollt ausgezeechent ginn. 


D'Harmonie Municipale de Mondercange ass domadder ob déi 4. Plaz vu 14 Museken an der 3. Divisioun fir Harmonieorchestere komm, a gouf mat enger Goldmedaile mat Distinctioun ausgezeechent. 


No esou engem Resultat waren d'Emotioune bei de Museker an hire Supportere grouss, an et sinn dach e puer Tréinen aus Freed gefloss.

Mat dësem kréinenden Highlight zum Schluss vun der Saison 2025/2026, geet d'Monnerecher Musek geet elo an eng wuel verdéngte Summerpaus.


An der Saison 2026/2027 an 2027/2028 gëtt sech dann awer schonn ob deen nächste groussen Highlight konzentréiert, an zwar hiren 125. Anniversaire dee si am Joer 2028 feiere wäerten.


Den Optakt vun dëse Feierlechkeete gëtt e gemeinsame Concert, den 18. Dezember 2027, mam éisträicheschen Trompettist, dem Thomas Gansch.