Margot a Jeannot SCHMITZ-MULLER zanter 60 Joer e Puer

Fir dat schéint Fest vun der Diamanten Hochzäit ze feieren, haten si hier Famill an hier Frënn an de Restaurant vun der Seniorenresidenz „A Bosselesch“ zu Monnerech invitéiert.

Aus hirer Unioun sinn zwou Duechteren ervirgaang an haut sinn si ganz houfreg op hier 5 Enkelkanner.

Nodeems si souzesoen hiert ganzt Liewen an der Stad verbruecht haten, dovunner ronn 50 Joer zu Bouneweg, sinn si zanter 2016 zu Monnerech doheem, wou si hire Liewensowend verbréngen.

Esou hat dann och déi Responsabel vun der Gemeng, d’Buergermeeschtesch Christine SCHWEICH dropgehalen, deenen zwee fir dat schéint Fest ze gratuléieren.