Summerjams 2026 – En Dag voller Musek, Frëndschaft a Summerstëmmung

Bei beschtem Summerwieder huet e Samschdeg, den 11. Juli 2026, eng nei Versioun vun de Monnerecher Summerjams stattfonnt. Ronn 100 jonk Musekerinnen a Museker - aus de Museksveräiner vun Éilereng, Garnech, Péiteng, Zolwer a Monnerech - hunn en onvergiesslechen Dag, am Zeeche vun der Musek an der Frëndschaft, zesumme verbruecht.


De Programm huet mat engem gemeinsame Mëttegiessen ugefaangen, wou sech déi Jonk an enger gemittlecher Atmosphär kenneléieren an austausche konnten. Dono stoung eng gemeinsam Prouf um Programm, bei där déi véier Jugendorchesteren d'Finalstécker fir de groussen Ofschlossconcert astudéiert hunn.


E weideren Héichpunkt vum Nomëtteg war d'Musikantenolympiad. A siwe flotten an ofwiesslungsräichen Disziplinnen, hu siwen Ekippe géintenee gekämpft.


D'Musikanten aus deene verschiddenen Ensembele goufen hei ënnertenee gemëscht, an dëst och esou, dass vun all Altersgrupp een dobäi war. Si hu sech dobäi misste besser kenneléieren an zesumme rausfanne, wat jidderengem aus der Ekipp seng Stäerkte sinn, fir am beschte bei all Spill ofzeschneiden. Am Vierdergrond stoung awer virun allem de Spaass, den Teamgeescht an de gemeinsame Challenge. No enger gudder Partie spannender Spiller konnt um Enn eng glécklech Gewënnerekipp ausgezeechent ginn.


Owes um 18 Auer stoung dunn e gemeinsame Concert um Menu, wou all Jugendmusek hiren eegene Programm vun ongeféier 20 bis 25 Minutte gespillt, a mam Publikum eng flott summerlech Atmosphär gedeelt huet. De kréinenden Ofschloss war dunn awer de grousse Gemeinschaftsconcert: Déi véier Jugendorchesteren hunn sech zu engem groussen Orchester vu ronn 100 Jugendmusekerinnen a Jugendmuseker zesummegeschloss a mat vill Begeeschterung gewisen, wat de musikaleschen Nowuess zu Lëtzebuerg alles ze bidden huet.


D'Summerjams 2026 hunn op eng impressionant Aart a Weis gewisen, dass d'Zukunft vun de Blosorchesteren zu Lëtzebuerg geséchert ass. Gläichzäiteg huet dësen Dag och bewisen, wéi vill Freed et mécht, e gemeinsamt Hobby ze deelen, zesumme Musek ze maachen an dobäi nei Frëndschaften ze knäppen.


Fir eis ass elo scho kloer: Dëst war sécher net déi lescht Editioun vum

Monnerecher Summerjams!


Mir freeën eis schonn elo op 2027 – hoffentlech nees bei esou schéinem Summerwieder an enger genee esou flotter Stëmmung.