Improvisatiounstheater vum Allerfeinsten, geschriwwen an inszenéiert vum Odette Becker, gëtt am Restaurant Cube vum Légère Premium Hotel zu Mënsbech ugebueden.
Um Programm sti samsdes, de 24. September, „Begriefnis vun enger gudder Frëndin“; de 15. Oktober „Vernissage mat avantgardistesche Kënschtler ... an enger Botzfra“; de 19. November „Mord am Cabaret Variété Chat Noir“. E puer Theaterfrënn hate sech 2008 zesummegedoen an no enger eegener Iwwersetzung aus dem Engleschen den éischte Krimidinner viru Publikum hei zu Lëtzebuerg gespillt.
Nom Succès vun dësem Stéck huet d'Odette Becker selwer nei Stécker geschriwwen an inszenéiert. D'Acteuren an de Publikum si komplett an de jeweilege Krimidinner intégreiert a spillen déi verschidde Rollen, déi am Stéck virkommen.
Et ass also aktivt Matmaachen ugesot, a wat de Publikum méi matgeet, wat den Owend méi flott gëtt. Dat Ganzt bei engem gudden Iessen: Den Apéro an de Dräi-Gang-Menü kaschten 49 Euro pro Persoun. Ufank ass all Kéiers um 19 Auer. Réservatiounen ënnert der Nummer 49 00 06 -1 oder per E-Mail luxembourg@legerehotels.com. (C.)