Padel Turnéier am Kader vum Télévie 2023

De leschten Dënschden hat d'Gemeng Schëtter zesumme mam Sport4Lux e Padel Turnéier am Kader vum Télévie 2023 organiséiert. Wann et fir eis dräi Ekippe vun der Gemeng leider net fir eng Podiumsplaz duergaangen ass, sou wëlle mir de Gewënner awer gratuléieren an dem Ranjit mat sengem Team vun der Gemeng Schëtter e grousse Merci fir d'Organisatioun vun deem flotten Tournoi ausdrécken!