Scheckiwwerreechung am Kader vum Faire Brunch

De Sonnden, 7. Mee, hat d'Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Nidderaanwen op de faire Brunch invitéiert. Eng knapp 70 Leit hunn et sech net entgoe gelooss, fir mat fair gehandelte Produite gutt an den Dag eranzestarten. An dësem Kader sinn och 2 Schecke vun de Kommissioune vun de 4 SIAS-Gemengen an der Héicht vu jeeweils 1.250€ for d'Stroossenenglen a Rokku Mi Rokka iwwerreecht ginn.