Mam Kropemann um Wäifest

Wéi d'Nojemer Musik virun e puer Joer gefrot gouf, fir zu Grevenmacher um Wäifest mat am Cortège ze goen, ware si ganz houfreg. Elo ass et scho fir d'sechst, deemno scho bal zu enger Traditioun an hirem Manifestatiounskalenner ginn, dass si um Cortège dobäi sinn. Mam Bus fiert déi ganz Mannschaft bis op déi schéi Musel. Och wann d'Wieder dëst Joer nitt grad esou gutt war wéi an der Vergaangenheet, esou sinn d'Instrumenter awer virum Reen verschount bliwwen. Dëst Joer war dann och nach de Kropemann vu Réiden mat dobäi, an hien huet zesumme mat der Nojemer Musik fir déi passend Stëmmung bei de Leit gesuergt. Et gouf musizéiert, gesong, gedanzt an deen een oder anere Pättche Wäi gedronk. Um Enn war sech erëm jideree sécher: "D'nächst Joer, 2020, wëlle mir erëm dobäi sinn!"