Nojemer Veräiner ënnerstëtze Kannerheem vu Kiew mat engem Don vu 4000€

Wéi de neie President vun der Nojemer Musik, de Mike Schneider, mat der Idee komm ass, fir e Kannerheem vu Kiew ze ënnerstëtzen, do war de Comité vun der Nojemer Musik sech schnell eens. Do wollte si matmaachen. Immens flott war dunn ze gesinn, wéi sech dës Aktioun wéi e Laffeier duerch dat kléngt Duerf vu Nojem verbreet huet, an och déi aner zwee Nojemer Veräiner, de Club des Jeunes an de Supporterclub sech un dëser Aktioun bedeelegt hunn. Mee nitt nëmmen déi 3 Veräiner selwer, mee och déi eenzel Memberen wollten hire Bäitrag leeschten an esou koum déi stolz Zomm vu 4000€ zesummen.

Bei der Hëllefsaktioun goung et engersäits em eng materiell Hëllef, mat Saachen, déi d’Kanner am Alter tëscht 1 a 16 Joer brauchen, an anerersäits em déi finanziell Méiglechkeet, fir kennen op der Plaz Saachen ze kafen. E klenge Grupp vu Fräiwëllegen, déi de Kontakt mam Kannerheem opgebaut hunn, hu fläisseg Këschte verpaakt, déi vun enger Liwwerfirma bis op d’Plaz bruecht goufen. D’Kanner grad wéi hir Educatrice hu misse vu Kiew flüchten a sinn an enger klenger Wunneng a Polen ënnerkomm. Genee dohi geet eis Hëllef a mir hoffen, duerch dëss Aktioun e puer Kanner, déi eleng ouni hir Elteren opwuessen, e Laachen ze schenken.

Am Numm vun den 3 Nojemer Veräiner elo nach emol e grousse Merci un hir Memberen, déi fläisseg gehollef hu beim Spenden.