den Ofschloss-Concert vum 28/03/2020 am Bouneweger Casino annulléiert ...

Gudde Moien Iech Alleguerten,

opgrond vun de Virschreften iwert d’öffentlech Organisatiounen ass den Ofschloss-Concert vun e Samschdeg 28/03/2020 am Bouneweger Casino annulléiert ...


de Comitee vum Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff huet am Accord mat der Lyra Ettelbrëck virgesinn, fir dese Concert am Laf vun desem Joer nozehuelen oder
och vläicht em déi nämmlecht Zäit nächst Joer ...


de Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff wäert Iech am Laf déi weider Informatiounen vun onsem Ofschluss-Concert vun onsem 100 jährigen Gebuertsdag weider ginn.


Mir soen Iech Merci fir äert Versteesdemech. 


Mir wënschen Iech och vun hei aus, eng gutt Gesondheet, a passt op Iech op ...

mat menge Beschte Gréiss


President Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff

Romain HENRION