Nidderaanwener Maart

02
Okt
02 Okt 06 Nov 04 Dez

Kennt Dir schonn den Nidderaanwener Maart? Dëse fënnt all éischte Méinden am Mount vu 15h00 bis 19h00 zu Sennéng/Nidderaanwen op der Tréiererstrooss um Parking tëschent der Bank Raiffeisen an dem Jugendhaus statt!


Wann den éischte Méinde vum Mount op e Feierdag fällt, gëtt de Maart ausnamsweis déi 2. Woch am Mount ofgehalen.


All Mount op en Neits fannt Dir hei eng flott Auswiel u Stänn mat lokalen a regionale Produiten, sief dat Iessen, Gedrénks oder och Deko- an Haushaltsartikelen! Kommt och Dir bis laanscht luussen an ënnerstëtzt de lokalen a regionalen Handel!


Datumer vun dësem Joer:

03.04.23 - 08.05.23 - 05.06.23 - 03.07.23 - Summerpaus - 02.10.23 - 06.11.23 - 04.12.23