Wärend 3 Owender konnten d'Awunner vun Nidderaanwen an engem flotte Kader d'Schlussphase vun der WM 2026 genéissen. Den Organisatiounscomité huet zesumme mat dem Basketballclub Gréngewald dofir gesuergt dat kee Mënsch hongreg oder duuschtereg huet missen heem goen. Méi ewéi 300 Leit hunn interessant Matcher gesinn a behalen des Organisatioun a gudder Erënnerung.
No enger verdéngter Summerpaus geet et am Manifestatiounskalenner vum 80. mat engem Konveniat vun der Härenequipe an engem Dag fir d'Schweessdrëps ( Stëmm vun der Strooss ) weider.