9. Mee Journée des anciens beim US Hueschtert

Am Kader vum 80. Jubiläum hunn sech de 9te Mee iwwert 100 Spiller, Traineren, a Frënn vum USH bei herrlechem Wieder « A Schommesch » zu Nidderaanwen getraff. Bei engem BBQ gouf sech un di « gutt » al Zäiten erënnert an deen een an anere Patt zesummegeholl.En iwweraus gelongenen Dag, dee gewisen huet, dass di grouss USH-Famill duerch onzertrennlech Liens a Frëndschaften zesumme gehale gëtt . Vive den USH