Aweiung vum Verkéiersgaart zu Nidderaanwen

De Samschden, 13. Mee, hu mir eis am Kader vun der Nuit du Sport um Komplex Am Sand zesumme fonnt, fir de Verkéiersgaart anzeweien. Vun elo u kënnen d'Kanner op eng sécher a spilleresch Aart a Weis d'Notzung vum Vëlo am ëffentleche Stroosseraum léieren.

De Verkéiersgaart ka vun der Schoul, der Maison Relais, mee awer och privat genotzt ginn.