Informatiounsowend iwwert d'Resultater vun der Mobilitéitsëmfro 2022

Wärend der Mobilitéitswoch 2022 huet d'Gemeng Nidderaanwen eng Ëmfro lancéiert, bei där d'Awunner d'Méiglechkeet haten, hir Iddien a Propose fir eng Verbesserung vun der Mobilitéit an der Gemeng eranzereechen. De Mëttwoch, 29. Mäerz, goufen den Awunner elo d'Resultater vun dëser Ëmfro am Centre des loisirs ,,Loisi'' presentéiert.