Musekalesche Brunch a Scheckiwwerreechung vu Concordia-The Voices Nidderaanwen

De traditionelle musekalesche Brunch organiséiert vum Pop-Chouer Concordia-The Voices vu Nidderaanwen, war nees e groussen Erfolleg. 

Mat Famill oder Frënn konnt een e puer flott Stonne verbréngen an e groussen, a mat vill Léift präparéierte Buffet mat ville selwer gekachten oder gebakenen kulinareschen Highlight’en genéissen. 

Natierlech ass d’Musek ënnert der Leedung vum Sarah Wolter an dräi musekaleschen Intermezzi net ze kuerz komm.

Wärend dem Brunch gouf dann och e Scheck vun 1.500€ un d’Associatioun 'ALAN Maladies Rares asbl' iwwerreecht, als Deel-Erléis vum leschte Show-Concert am November.