Showconcert Concordia the Voices Nidderaanwen

De Popchouer Concordia the Voices hat op säin traditionelle Showconcert dést Joër ënnert dem Motto 'Let's Travel' invitéiert. De Centre de Loisirs war ausverkaaft, an viru groussem Publikum gouf eng musekalesch Weltreees gemaach. ‚Hit the Road Jack‘ huet op eng Weltrees agestëmmt, déi dem Chouer als Leitlinn duerch de Programm vum Owend gedéngt huet. Weider Welthits koumen een nom aneren hannendrun.

Schonn am Januar haten d’Preparatiounen ugefaangen, wou déi jonk an engagéiert Chouerleederin Sarah Wolter e Programm aus 23 Lidder zesummegestallt huet, dozou e puer witzeg Showeinlagen an Choreographien.

Vu Pop iwwer Jazz, Swing, Disco, Funk a Rock war fir all Goût eppes dobäi. Unisono war d’Luef an d'Begeeschterung iwwer de gelongenen Owend.

Den nächste Showconcert ass fir den 30. November 2024 ageplangt, an d’Virbereedungen hu elo schonn ugefaangen. Als nächstes steet awer de Nidderaanwener Chrëschtmaart um Programm, e musikalesche Brunch den 21. Abrëll, an als kléngen Highlight e Concert an der Philharmonie Lëtzebuerg de 24. Februar 2024, zesumme mat zwee aneren Nidderaanwener Chéier, ënnert dem Motto ‚Nidderaanwen séngt‘!

(Foto: Marc Klöckner)