Straussfeier vum Policegebai zu Nidderaanwen

De Samschden, 13. Mee, huet de Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen, zesumme mat der Police Lëtzebuerg, op d’Straussfeier vum neie Policegebai zu Nidderaanwen invitéiert. A Presenz vum Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, gouf de Projet vum Policegebai virgestallt an eng Visitt duerch d’Raimlechkeeten ënnerholl.


Am Kontext vun der Reform vun der Police vum 1. August 2018, soll sech dat neit Kommissariat op der Tréiererstrooss an dëse Projet aglidderen an an Zukunft fir d’Gemengen Nidderaanwen, Betzder, Schëtter, Sandweiler a Conter operationell sinn.