Viirstellen vum CINS bei den neie Awunner.

Gëschter Owend (26.01.15) huet Gemeng Nidderaanwen mat der "Commission consultative d’intégration" hier nei Awunner op e Pot d'amitié invitéiert. Heibäi kruten si duerch de Buergermeeschter Raymond Weydert, verschidden Informatiounen iwert hier nei Gemeng, wéi grouss se ass, wat et alles un Attraktivitéiten gëtt, asw. An dem Kader haten di verschidden Veräiner a Kommissiounen och d'Méiglechkeet sech ze presentéieren. Och d'Pompjeeën vum Centre d'Interventioun Nidderaanwen - Schëtter hunn dorun deel geholl, nierft engem Stand ass och de First Responder virgestallt ginn. D'First Responder hunn eng enstpriechend Ausbilsung, fir kennen esou seier wéi méiglech ze hellëfen, am Fall wou eng Persoun a Nout ass an op eng Ambulanz oder de SAMU wart. Heibäi ass vun zwee First Responder mat den Erklärungen vun zwee Dokteren eng Reanimatioun un enger Übungspopp gewiesen ginn. Duerno ass den Owend bei engem Patt a selwergemaachtenen Schnittercher vun der Commisssoun ausklénge geloss ginn