Kolpecher Schlassfest den 10. Juli am Schlasspark

Scheck vun 12 000 Euro iwerreecht

Kolpech: No zwee Joer Pandemie- Paus war d‘Jeanny Janes, Presidentin vun de „Frënn Kolpecher Schlassfest“, frou an der desjähriger Generalversammlung am Centre de rehabilitation matzedeelen, dat die läscht Edition vum traditionelle Fest am September 2021, nees e groussen Erfolleg war an dat bedingt duerch den ofwiesslungsräichen Hobbymaart an och dene flotte Concerten. Fir dat onërmiddlicht Engagement huet d’Presidentin hiren oprichtge Merci ausgesprach, well ouni di vill Benevolen wier et nit méiglich gewiescht dest schéint Fest ze widderhuelen. D’Sekretärin Alice Wanderscheid huet d’Altivitéiten vum Joer, Revue passéiere geloos a betount, dat d’Editioun vum desjährigen Schlassfest zu Kolpech den 10. Juli 2022 erëm am Schlasspark, stattfënd. Duerno huet et de Luc Scheer, Member vun der Direktioun vum Roude Kräiz Lëtzebuerg gefreet fir de Scheck iwert 12 000 Euro vun de Schlassfrënn mat engem grouße Merci entgéint können ze huelen. A senger Ried huet den Här Luc Scheer dem Centre de rehabilitation zu Kolpech, Merci gesoot dat si hiren Centre zur Verfügung gestallt hun fir di Patienten an der Corona- Zäit ze behandelen. Och elo an der Zäit wou vill ukrainisch a krank Leit net können an de Foyer´en versuergt gin, stellt de Zentrum vu Kolpech 10 Zëmmer zur Verfügung. Duerno huet den Direkter Jean- Philippe Schmit vum Kolpecher Zenter opgezielt, wivill Suen de Virstand vum Schlassfest bis haut gespend huet, déi bei der Uschaffung vu Bänken oder fir di wertvoll Ënnerstëtzung vum Projet mam Park- Auto asw., sënnvoll verwert gi sin. Den ausféierlichen Finanzbericht vum Xavier Demoisy ass als exakt vun de Keesererevisoren bestätigt gin. Och de Buergermeeschter vun der Gemeng Ell, Armand Schuh huet betount dat di schéin Traditioun vum Schlassfest , Dank engem engagéierten Virstand kann erëm weidergefouert gin an huet op eng weider gut Zesummenarbecht higewissen. (CR) (Foto: Charles Reiser)