Fotogalerie: Flott Verkleedungen beim Kannerfuesbal zu Nidderdonwen

Schons leschten Samsdëg den 4. Februar 2012 huet d'Chorale réunie Donwen-Fluessweiler e Kannerfuesbal zu Nidderdonwen am Festsall organiséiert. Nierft ganz villen Fuesboken, goufen och flott Spiller mat de Kanner gemaach. D'Kanner konnten um Dreirad dreien awer et gouf och eng Tombola wou een ganz vill Praisser konnt gewannen. Fir déi hongrëg Mënnercher gouf et Kuch, Fuesskichelcher, Chips a Bréidercher. Et war e ganz flotten Nomëtteg mat vill Musék an Amusement.