Konveniatstreffen vun de Joergäng 1950-1965

Uewerdonwen : De 7. Oktober 2022 hunn 24 Schülerinnen a Schüler déi tëschent 1950 a 1965 gebuer sinn, an zu Uewerdonwen bei der Joffer Marie-Thérèse Biver an d’Primärschoul goungen, sech fir e Konveniat getraff. Moies stoung eng Visitt vun der Kellerei « Caves Bernard-Massard » zu Gréiwemaacher um Programm, wou d’Geleeënheet war fir verschidden Crémanten ze schmaachen. Fir d’Mëttegiessen goung et weider laanscht d’Musel op de Wuermer Bierg an de Restaurant Koeppchen, wou en excellente Menü zerwéiert gouf. Am Nomëtteg war eng Réceptioun am Centre Culturel zu Uewerdonwen mat uschléissendem Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Fluessweiler, wou d’Madame Juliette Jans-Fusenig, Schäffin vun der Gemeng, d’Leit begréisst huet. Den Dag goung zu Enn no engem Trëppeltour duerch d’Heemechtsdierfchen an e puer gemittlech Stonnen bei engem gudde Patt.