D'Jaargäng 1950-1960 hu sech erëmgesinn

Uewerdonwen. 19 Schoulkollegen - d‘Jongen an d‘Meedercher vun de Jaargäng 1950-1960 - hate sech fir e Konveniat zesummefont. No der feierlecher Mass, zelebréiert vum Paschtouer Guy Diederich, si mir d‘Bäckerei Schumacher op de Wuemerbierg kukke gaangen. Beim Mëttegiessen, och am Restaurant Schumacher, goufe während e puer gemittleche Stonnen vill Erënnerungen ausgetosch an opgefrëscht. Duerno hat Gemeng Fluessweiler op den Éirewäin zu Uewerdonwen invitéiert, wou den Buergermeeschter Théo Weirich Leit Wëllkomm geheescht huet. Ausernee si mir gaangen mat dem Verspriechen eis an 3 Jaar erem ze gesinn.