Klackewei zu Uewerdonwen

KLACKEWEI ZU UEWERDONWEN
De 25.09.2016 ass eis nei Klack duerch eng feierlech Mass zu Uewerdonwen an der Kapell ageweit ginn. Duerch d’Mass begleet huet d‘Chorale réunie Donwen-Fluessweiler ënnert der Direktioun vum Jos Stutz. Op der Uergel war den Thierry Konsbrück.
Dës Mass gouf gehale vum Här Paschtouer Guy Diederich, dem Pastoralassistent Eberhard Driesler an dem Vertrieder vum Här Bëschof, den Här Tom Kerger. Dobäi waren och fréier Paschtéier vun eiser Par a vun Nopeschparen: Emile Post, Emmanuel Siebenbour, Jeannot Gillen, Alain Steffen a Jos Matgen.
Als Invitéë war de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Fluessweiler an d’Membere vun der Kierchefabréck.
Den Här Paschtouer Diederich huet a senger Priedegt alle Léit an all de Spender, a speziell dem Dëschtennis Uewerdonwen, Merci gesot.
Déi al Klack bleift eis erhalen a kënnt an de Chouer vun der Kierch hänken.
Déi nei Klack ass dem Hellegen Celsus geweit, an den Text ass vum Claude Bach op Latäin zesummegestallt ginn. En heescht iwwersat: „Heiliger Celsus, mögest du den Bürgern von Oberdonven durch den Klang dieses Erzes beistehen! Tretet ein in Frömmigkeit! Der Retter ist da!“
Den Här Tom Kerger huet de Sënn vun de Klacken erkläert an huet dunn mat Wäiwaasser a Chrisam d’Klack ageweit. Duerno konnt jiddereen eng Kéier d’Klack uschloen.
No der kierchlecher Zeremonie huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Fluessweiler op den Eirewäin an de Centre Culturel invitéiert, wou d‘Entente vun den Uewerdonwener Veräiner zerwéiert huet.
Nodeems de President vun der Kierchefabréck Nicolas Ries e puer Wierder gesot huet, huet den Här Buergermeeschter Théo Weirich vun der Gemeng Fluessweiler den Eirewäi lancéiert.
Fotoe vum Géisse vun der Klack sinn um groussen Ecran gewise ginn.
Fotoen sin vum Ney Romain