All Toun zielt! - Wéi d'Musek Kanner zesummebréngt (Buch Virstellung)

08
Jun
08 Jun

D’Käerjenger Museksschoul invitéiert Iech ganz häerzlech op d’Buch-Presentatioun vun „All Toun zielt! – Wéi d’Musek Kanner zesummebréngt“, eng Geschicht vum Diane Frisch mat Musek vum Gregory Ney.


D’Buch, begleet vun dozou passender Musek, stellt net nëmmen all d’Instrumenter vir, déi et an enger Musek gëtt, mee weist de Kanner duerch eng flott an zauberhaft Geschicht och, wéi een duerch d’Musek nei Frënn kenneléiert a wéi wichteg en Duerfveräin fir den Zesummenhalt tëscht de Museker ass.


De Max muss d’Schouljoer nach emol maachen a kënnt an eng nei Klass – ouni seng Frënn.

E mageschen Dram féiert hien an eng zauberhaft Musekswelt voller faarweger Wiesen a magesche Museksinstrumenter. Mat Hëllef vum Detektiv Dudel, der Dirigentin DoReMi, dem bloe Villchen a villen neie Frënn entdeckt de Max, wéi all Toun wichteg ass a wéi Musek Kanner zesummebréngt.


Eng wonnerschéi Geschicht iwwer Frëndschaft, Courage, Freed un der Musek an den Zesummenhalt am Museksveräin.


An der Geschicht fënnt de Max a senger Kummer en Ziedel vun enger Schnupper-Prouf vun der Musek. No sengem Dram erënnert hien sech dorun a beschléisst, der Saach eng Chance ze ginn. Doduerch léiert hien nei Frënn kennen, a säi Schoulstart gëtt vill besser, wéi hien et gefaart hat.


Genee hei setzt och eist pedagogescht Konzept un: Mir wëllen d’Kanner op d’Museken aus de Gemengen Käerjeng an Dippech opmierksam maachen. Am Buch, dat d’Kanner am Kader vun den Instrumente-Presentatiounen an de Schoule kréien, läit dofir och en Ziedel mat den Datumer vun de Schnupper-Prouwen vun all Musek.


Wann Dir Iech selwer vum Konzept vun „All Toun zielt!“ wëllt iwwerzeegen, géife mir eis freeën, Iech den 8. Juni um 20:00 Auer am Kulturhaus Käerjenger Treff begréissen ze kënnen. Den Entrée ass fräi!


Méi Informatiounen: http://www.kms.lu