Tornado

Ech war zu Käerjeng a Péiteng de Week-End. Einfach nemmen schlemm, een deen do ouni Pippi an den Aan doruechter leeft ass net mënschlech. Net nemmen aal Haïser och Neibauten, komplett ouni Dach. Net genuch domatter, wann d'Leit keng Garage haaten, ass hier Mobilitéit stark beschiedecht. Sämtlech geparkten Autoën laanscht hier Haïser sinn komplett freckt, Fenster, Schassis, Dach, Seitenpigelen, alles futti. Konnt mat de Leit diskutéieren, do war keen een deen domm ginn ass. Jiddfereen huet ordentlech sein Päfferkäer beiginn (esou wéi d'Leit am Süden sinn) an ech konnt emmer erem héieren, fillen an selwer gesinn, datt déi Leit do zesummen haalen. Déi Freiwelleg Pompjeen, Arméi, privat Leit, Police, an an an (ech wëll keen vergiessen) D'Assurancen maachen jo mat, ass versprach ginn. Gemeng déi stark no de Leit kuckt. Dachdecker aus den NopeschLänner hunn hieren congé annuel ofgebrach an sinn hëllefen komm. Diecher sinn Reenfest mat Plastikbaatschen verkleed ginn. Eng Spendenaktioun ass lancéiert ginn. Schmieren a Kaffi sinn verdeelt ginn vun den Leit un Helfer. Fir meng Fotoen sinn ech iwwerall léif an de Gaart begleet ginn an ech krut hiere Misère mat verzweifelten Gesiichter erzielt. Deelweis Noperen déi am Congé waren an net esou liicht zeréck konnten kommen, kruten Hellef vun den Leit aus hierer Strooss. Et huet keen deen aneren hänken gelooss. Courage wënschen ech deenen Leit.