Konveniat vun de Primärschüler vu Nidderkuer 1947-1948

Déi fréier Klassekomerode vun der Primärschoul zu Nidderkuer hate sech fir hire Konveniat, deen all 5 Joer statt fönd, zu Déifferdeng um Parking vum 1535 Creative Hub, getraff. Duerch d'Visite vum Site huet den député-maire Roberto Traversini gefouert. Eng ganz Rei flott Informatiounen konnten esou festgehale ginn. Nodeems den Apéritf vun der Gemeng offréiert gouf, war e weideren Treff fir d'Mëttegiessen am Restaurant "de klenge Casino" zu Déifferdeng, wou en excellente Menu zervéiert gouf. Bei gudder Stëmmung sinn vill flott Erënnerungen op den Dësch komm. Festgehaale gouf, dass an Zukunft de Konveniat, statt all 5 Joer, all 2 Joer stattfönd.

Gilbert Welter via mywort.lu